D‘Schüler vun der S1 hunn d‘lescht Woch bei zwee Teambuilding-Deeg matgemaach. No engem Kenneléier-Rallye hunn si u verschiddenen Workshoppen deelgeholl:
-„Schengen Experience“ am Europäesche Musée zu Schengen;
-e Vëlostour laanscht d’Musel;
-Teambuilding oder
-eng aktive Visitt A Possen zu Bech-Maacher.
Mir haten all d‘Méiglechkeet ons besser kennenzeléieren a jidderee konnt seng Stäerkten zum Erfolleg vum ganze Grupp asetzen. Dorop wëlle mir dëst nei Schouljoer opbauen an ons Kompetenze weiderhin an Zukunft am Projet „FEEL GOOD“ entwéckelen.
