Drauwelies 23.09.2022

Bei wonnerbarem Wieder waren d’Schüler an d’Drauwelies an hunn do eng Hand mat ugepaakt. De Jus gëtt am Kader vun der Mini-Entreprise “EMIL” verkaf an den Erléis ass fir e gudden Zweck. E grousse Merci un de Wënzerbetriib Domaine Clos des Jardins, déi eis net nëmmen hire Wéngert an Drauwen zur Verfügung gestallt hunn, mee och mat villen Erklärungen de Schüler d’ Thema vun der Drauwelies méi no bruecht hunn.